Beaver 6 – 8 Joer

BEAVERLOGO

Deelen, deelen, deelen

Dat ass d ‘Devise vun den Beaver, eiser jéngster Equipe.

Dat léieren se och Spilles nieft villen anere Saachen.

Soubal een 6 Joer huet, kann e Samschdes och vun 14:00 bis 16:00 Auer bei Beaver an eisen Home an Péitruss kommen.

Zesummen mat de grousse Beaver, spille mär da grad ewéi d ‘Wëllef, d ‘Scouten,

d ‘Guiden, d ‘Explorer an d‘ Rover, dem BiPi säi grousst Spill de Scoutismus.

Spillen ass dat Wichtegst bei eis. Zesummen mat neie Frënn trëppelen, lafen, sangen, koschteren a bastele mär.

Déi grouss Beaver verziele d ‘Geschicht vun de „Frënn aus dem Bësch“ a si bréngen eis d ‘Natur op eng flott Aart a Weis méi no.

Eis Kolonie besteet aus klengen Beaverfamillen, déi zesummen um Beaverweiher hir Dämm opriichten. All Famill huet de Numm vun deem Holz mat deem si hire Damm baut.