Appelfest den 13.10.2018

Léif Beaver, Wëllefcher, Scouten, Explorer, Rover, Aciennen, Frënn & Famille, dir sidd all welkomm. Mir invitéieren op eist ÄPPELFEST !!!

Aus Äppel kann een net nëmmen frëschen Viz maachen mee och Taarten, Kompott an aner Leckereien.

Den 13. Oktober ass et dann erëm endlech esou wéit. D’Produktioun vun onsem hausgemaachten Viz kann lass goen. Dofir invitéieren mir, Iech alleguerten dëst alles ab 15.00 Auer bei enger Taass Kaffi beim Home vun der HoGa schmaachen ze kommen.

Natierlech feelt et och un selwergemaachten Viz net.