100 jäerlech Assemblée Général

Den 02.03.2018 war et erëm esou wéit, mir HoGa „Hollerech Garer Scouten“ konnten zesummen mat den Frënn vun der HoGa ob ons Centenaire Assemblée Générale invitéieren.

Um Ordre du Jour stoungen déi üblech Assemblée Générale Punkten, wéi den finanziellen Rapport, den Aktivitéitsrapport, den Votage vum Comité, an nach Villes méi.

Den Highlight awer war net den Réckbléck ob en aktivitéitsraïscht d’Joer 2017, mee et war ons Zukunftsvisioun vun onsem Grupp an och vun onsem Centenaire Camp, deen fir all ons Memberen Péngschten an der Péitruss statt fënnt.

No der Assemblée Générale goufen Memberen natierlech nach all ob e klengen Patt invitéiert. Mat villen lëschtegen Diskussiounen konnten mir den Owend duerno ofschléissen.

Wëlls och du méi genau wëssen wat mir alles esou maachen, dann komm bei ons laanscht, mir sinn zimlech all Samschdes vun 14:00 bis 16:00 an onsem Home an der Péitruss an bieden vill Aktivitéiten fir Grouss an Kleng un. Kuck einfach mol ob www.hoga.lu, an looss dech vun onsen villen Fotoen inspiréieren.