Scouten an Guiden 11 – 15 Joer

„Zesumme fir eng besser Welt“

„Ensemble créer un monde meilleur“

„Together for a better world“

 

Dat ass Devise vun eisen Scouten a Guiden

Sie sinn d ‘Jongen a Meedercher am Alter vun 11 bis 15 Joer bei der HOGA

Si sinn a Patrullen opgedeelt, innerhalb deene jiddereen eng Charge iwwerhëlt, déi en ze erfëllen huet

(Kach, Caissier, Sekretär, Material, 1. Hëllef….). All Scout a Guide dréit also säi klengen Deel zum

Gruppe Liewen bäi, fir dass d ‘Trupp um rullen bleift!

All Samschden vun 14:00 bis 16:00 Auer treffe mär eis an eisem Home an der Péitruss. Bei eis steet vill

Actioun a Spaass um Programm: mam Rucksack duerch de Bësch trëppelen an dobausse schlofen

(Hike), ënnerwee um oppene Feier kachen, Équipen- a Geschécklechkeet s-Spiller, Rallyen, um Camping

am Zelt schlofen …

Mir halen op eng villsäiteg Fräizäitgestaltung gekoppelt mat enger Sensibiliséierung fir déi aktuell sozial Problemer.

Eis Jongen a Meedercher sinn a engem kriddelegen Alter, an deem si nach hallef Kand a schonn hallef Erwuessen sinn. Mär begleede si e klengt Stéck op hirem Wee an versichen aus hinnen Verantwortung s bewosst Erwuessener ze maachen, déi selbststänneg an mat oppenen Aan duerch d ‘Liewen ginn.

„Learning by doing“ ass de Sproch, deen eis duerch eist ganzt Scout liewen begleet. Eis Scouten a Guide ginn dozou ugereegt mat ze denken an esou vill ewéi méiglech Eegen Initiativ ze ergräifen.

Kollegialitéit a géigesäitege Respekt ginn bei eis grouss geschriwwen.