JOTI Special Edition 2020

JOTI spezial Editioun,

3. – 5. Abrëll 2020

Haut des Daags sti jonk Leit a ville Länner wéinst der Verbreedung vum Coronavirus (COVID-19) virun Erausfuerderungen an hire lokalen Communautéiten. Schoulen hunn zougemaach an Scoutsaktivitéiten goufen agestallt.

Et ass ganz wichteg datt all Scouten a jonk Leit a Sécherheet bleiwen andeems se ëffentlech an iwwerfëllten Plazen vermeiden, sécherstellen dass si hir Hänn regelméisseg wäschen an aner gutt Praktiken anhalen. Awer sécher bleiwe bedeit net datt mir kee Spaass hunn, kee Scoutismus maachen oder keng nei Frënn fannen!

Dës speziell Editioun vum JOTI ass e séchere Raum, deen aner Scouten wéi och Dech verbënnt, an dat mat der ganzer Welt zu enger Zäit wou der vill vun eis doheem sinn, net an d’Schoul ginn oder un Scoutsaktivitéiten deelhuelen kënnen.

Du kanns dech fir verschidden Aktivitéiten während dem ganze Weekend vum 3. Abrëll umellen – vun E-Léiercoursen iwwer Gesondheet, Wuelbefannen an Online Sécherheet bis iwwer d’Kenne léieren vun verschidde Kulturen. Du kanns Spiller spillen a lëschteg Aktivitéiten leeden an och maache wat’s Du kanns fir déi di an Nout sinn ze ënnerstëtzen. Loosst mir eis géigesäiteg hëllefen, eis Frënn ënnerstëtzen a maachen dass dës Welt erëm e bësse méi hell gëtt.

Dës speziell Editioun vun eisem gréissten digitalen Jamboree erlaabt Dir dech mat aneren ze verbannen, nei Fäegkeeten ze léieren, Scouting online ze schalten an nei Frëndschaften op ze bauen, an dëst ganz bequem vun Doheem aus.

Als Scouten si mir belaaschtbar a mir sinn ëmmer bereet, sou datt mer dës Erausfuerderung zu enger Chance maachen fir Millioune Scouten ronderëm d’Welt ze treffen an engem séchere Raum fir eis all.
Hei ass de Link fir op di offiziell Säit vum Weltbüro fir dësen speziellen JOTI: www.jotajoti.info.
Hei héiert Dir och dem Generalsekretär Ahmad Alhendawi seng Usproch sou wéi och weider Informatiounen.

De ganze Programm vum Week-End fannt Dir hei: www.jotajoti.info/campsite1
Ganz ënnen op där Säit bei “Stay tuned” kann een sech fir di ganz Aktivitéit umellen.

Wat brauch een fir mat ze maachen, en Handy, en Tablet oder en PC mat Mikro a Webcam.
Och hei ginn et Sécherheetsregelen an ze halen:

JOTI Sécherheetsrichtlinnen

De JOTI ass eng super Geleeënheet fir sech mat Scouten aus der ganzer Welt ze verbannen, besonnesch an dësen aussergewéinlechen Zäiten. Et ass ganz wichteg dass all d’Leit sécher sinn bei dësen Aktivitéiten. Aus dësem Grond ass “Safe From Harm” (sécher viru Schued) e prioritäre Programm fir d’Scouten mat Moossnamen a Prozeduren fir sécherzestellen datt jiddereen sech sécher fillt. Zesummen sinn mir all verantwortlech fir e séchert Ëmfeld ze schafen an deem jiddereen ka Spaass hunn a respektéiert gëtt.

Geforen am Internet

Mat all senge Méiglechkeeten an Beräicherungen ass d’Benotzung vum Internet och mat villen Risiken verbonnen, mat Geforen fir perséinlech Daten, Wuelbefannen oder Sécherheet. Verschidde Leit hu falsch Absiichten, a mir mussen eis all deem bewosst sinn an och wëssen wéi e reagéiere muss. Fir méi iwwer Är Online Sécherheet erauszefannen an Iech ganz op den JOTI virzebereeden, benotzt den “Short Being Safe Online E-Learning” (op Englesch).

Mindestalter & Opsiicht duerch Erwuessener

Du muss op d’mannst 13 Joer al sinn fir dech anzeschreiwen. Fir deng Sécherheet an däi Wuelbefannen, gëtt vun all Participant tëscht 13 an 18 Joer erwaart dass si sech informéieren an en Erwuessenen an hir JOTI-Erfahrung mat abezéien, inklusiv dës Säit zesummen kucken. Déi bedeelegt Erwuesse sinn verantwortlech fir d’Iwwerwaachung vun den Aktivitéite vun de Jonken.

Verstéiss géint d’Regelen

Wann iergendeen géint déi folgend Regelen verstéisst, kënnen eng Zuel vu Moossname géint déi Konten geholl ginn, déi d’Regelen verletzen, wéi zum Beispill de Kont blockéieren oder läschen oder och nach de “Safe From Harm Team” kontaktéiere fir weider Ënnersichungen.

Dat séchert JOTI Verspriechen

Ech wäert …

  • en Erwuessene informéieren an a meng JOTI-Erfahrung mat a bezéien
  • handlen wéi e Scout andeems ech d’Verspriechen an d’Gesetz befollegen, souwéi och dem WOSM säin Verhalungskodex
  • all verletzend oder verdächteg Aktivitéit déi ech erliewen un ul.itojatoj@0202esitoj mellen
  • frëndlech a respektvoll sinn mat all deenen déi ech online begéinen
  • meng Passwierder a perséinlech Donnéeën geheim halen
  • mech ni u verletzender Sprooch oder Haass förderden Aussoen bedeelegen, oder anerer demütegen..
  • vill Spaass beim kenne léieren vun neie Scouts-Frënn!

Brauchs Du Hëllef? Hei ass wat ze maachen ass!

1. Informéier als éischt en vertrauenswürdegen Erwuessenen, z.B. en Elterendeel, en Erziehungsberechtegten oder Scoutschef iwwer däi Problem.

2. Schéck eng E-Mail op ul.itojatoj@0202esitoj oder op gro.tuocs@itojatojefas mat dengem Numm, der Plattform op där et geschitt ass, so wat geschitt ass, mam Numm vum Kont deen dech beonrouegt, an am Beschten mat engem Screenshot vum Virfall.

3. E Moderator äntwert op deng E-Mail bannent 30 Minutten oder nach manner. Eis Moderatoren kënnen op Lëtzebuergesch, Englesch, Franséisch oder Däitsch äntweren.

Richtlinnen géint Schued

Den Zweck vun der WOSM “Safe from Harm” Politik besteet doran all eis Memberen virun Schued ze schützen. Mëssbrauch, Belästegung a Mobbing sinn am Scoutissem komplett inakzeptabel. Aus dësem Grond ass eng “Safe From Harm” Prozedur obligatoresch fir all weltwäit, regional an national Scoutsevenementer. Dëst beinhalt den obligatoreschen “Safe From Harm” Training fir all WOSM Mataarbechter a Fräiwëlleger.
Während dem JOTI besteet eist Zil doran jonk Leit online ze schützen an erwuessenen Chefen, Elteren a Fräiwëllegen wäertvoll Informatioun iwwert eis Approche vum Schutz ze bidden.
Dës Regele gëlle fir all Jiddereen deen déi online Plattforme vu WOSM oder déi vun eisen vertrauenswürdege Partner beim JOTI benotzt. Wann eppes schief geet, du gestéiert gëss oder’s du dir Suergen iwwer d’Benotzen vun dësen Online-Plattformen mëss, da kontaktéier en zouverléissege Erwuessenen an / oder schreift eis. Wann néideg, kënne mir dir hëllefen den internationale Kommissär oder den “Safe From Harm” Koordinator vu Lëtzebuerg ze kontaktéieren.
Mir fillen eis der Verantwortung verflicht derfir ze suergen datt jiddereen d’Erfahrung mam JOTI sou sécher wéi méiglech mécht well jo jiddereen verbonne ass an vill nei Frënn ronderëm d’Welt fanne kann.
Mir hunn en engagéiert Team vun Moderatoren déi d’JOTI Plattformen iwwerwaachen fir sécher ze stellen datt all eis Benotzer online geschützt sinn. D’Moderatoren schaffen mat eisem “Safe from Harm” Team zesummen fir all Sécherheetsproblemer ze léisen.
D’”World Safe From Harm” Richtlinn gëtt zesummen mat dem WOSM Verhalenskodex ëmgesat, wou ënnerstrach gëtt wéi WOSM Memberen sech géint aner Scouten behuele sollen.
Informatiounen iwwer “Safe From Harm” fënns Du hei an englescher Sprooch.

Falls Du elo awer nach Froen zum Programm oder zur Technik hues, mir hunn en Helpdesk agerit an zwar erreechs Du eis per Mail op ul.itojatoj@0202esitoj.

De Jota-Team Lëtzebuerg