#AllDagEngBA

Mir alls Grupp hunn ons, genau esou vei vill aner Gruppen hei am Land,  bereet erkläert fir bei der Aktioun #AllDagEngBA matzemaachen, dëst elo an de Mesuren géint de Corona-Virus (COVID-19) zu Lëtzebuerg.

Onsen Gruppen hutt sech also gemellt, fir an der Stadt Lëtzebuerg an Ëmgéigend deenen vulnerabelen Leit ze hëllefen, andeems mir fir si kleng Kommissiounen (Apdikt, Supermarché, Post) maachen.

Mir soen onsen aktuell 6 Memberen Merci, fir hier enormt grouss Solidaritéit an hierem Engagement!