HoGa Scouten & Guiden

Bei der HoGa erliewen Kanner a Jugendlecher Adventure, entdrecken vun der Natur, bauen vun Frëndschaften an léieren Verantwortung ze iwwerhuelen – fir sech selwer, fir anerer an fir deng besser Welt.

Bei der HoGa gëtt et ëmmer eppes ze entdecken!
Fann eraus, wat bei eis leeft, a wéi s du Deel vun eisem Adventure kanns ginn.

Bei der HoGa stinn d’Kanner an d’Jugendlech am Mëttelpunkt. Eis Aktivitéite baséieren op der Scoutsmethod „Learning by doing“: selwer entdecken, ausprobéieren, Verantwortung iwwerhuelen an aus den eegenen Erfarunge léieren.

Mat engem progressiven an altersgerechte Programm, dee sech vill an der Natur ofspillt, begleede mir jonk Leit dobäi, hir Entwécklung selwer an d’Hand ze huelen.

Eist Zil ass et, si op hirem Wee zu selbstännegen, verantwortungsbewossten an engagéierte Bierger ze ënnerstëtzen – a gemeinsam dozou bäizedroen, d’Welt e Stéck besser ze maachen..

Mir sinn Deel vun der Fédération Nationale des Éclaireurs et Éclaireuses du Luxembourg ( FNEL)

D’HoGa ass op fir jiddereen. Spiritualitéit, Solidaritéit, Onofhängegkeet, Laïzitéit, Toleranz an Demokratie gehéieren zu de Wäerter, fir déi mir als Scouten & Guiden astinn.

De Grënner vun der Scoutsmouvement, Robert Baden-Powell, huet eng Iddi formuléiert, déi och haut nach ganz gutt beschreift, wat Scouting fir eis bedeit:

“But the real way to get happiness is by giving out happiness to other people. Try and leave this world a little better than you found it.”