Scouten an Guiden (11 – 15 Joer)

Ëmmer bereet

Dat ass Devise vun eisen Scouten a Guiden

Sie sinn Jongen a Meedercher déi a Patrullen opgedeelt sinn, innerhalb deene jiddereen eng Charge iwwerhëlt, déi en ze erfëllen huet

(Kach, Caissier, Sekretär, Material, 1. Hëllef….). All Scout a Guide dréit also säi klengen Deel zum

Gruppeliewen bäi, fir dass d’Trupp um rullen bleift!

All Samschden vun 14:00 bis 16:00 Auer treffe mär eis an eisem Home an der Péitruss. Bei eis steet vill

Actioun a Spaass um Programm: mam Rucksack duerch de Bësch trëppelen an dobausse schlofen

(Hike), ënnerwee um oppene Feier kachen, Équipen- a Geschécklechkeets-Spiller, Rallyen, um Camping

am Zelt schlofen …

Mir halen op eng villsäiteg Fräizäitgestaltung gekoppelt mat enger Sensibiliséierung fir déi aktuell sozial Problemer.

Eis Jongen a Meedercher sinn a engem kriddelegen Alter, an deem si nach hallef Kand a schonn hallef Erwuessen sinn. Mär begleede si e klengt Stéck op hirem Wee an versichen aus hinnen verantwortungsbewosst Erwuessener ze maachen, déi selbststänneg an mat oppenen Aan duerch d’Liewen ginn.

„Learning by doing“ ass de Sproch deen eis duerch eist ganzt Scoutsliewen begleet. Eis Scouten a Guide ginn dozou ugereegt mat ze denken an esou vill ewéi méiglech Eegeninitiativ ze ergräifen.

Kollegialitéit a géigesäitege Respekt ginn bei eis grouss geschriwwen.