Beaver (ab 6 Joer)

Esou bal en 6 Joer huet, kann e bei ons an Beaverkolonie kommen.

Bei der Kolonie handelt et sech em eng kleng Beaverfamille, déi zesummen um Weier hir Dämm opriichten, an do der Devis „Deelen Deelen Deelen“ liewen.

Um Programm vun onser Kolonie stinn Aktivitéiten wéi zesummen mat neie Frënn trëppelen oder lafen ze goen, ze sangen, oder och ze koschteren an ze bastelen.

Déi grouss Beaver verzielen d’Geschicht vun de „Frënn aus dem Bësch mam Bibu an dem Joli“

Esou bréngen mir onsen Kanner  d‘ Natur op eng flott Aart a Weis méi no.