Ech war sou opgereegt wéi nach ni: Samschdeg, de 27. September 2025, war et endlech sou wäit – meng Montée!
Mir hu eis nomëttes géint 14:00 Auer beim HoGa Home getraff. D’Sonn huet duerch d’Wolleken geblénkt, d’Loft war nach waarm vum Spéitsummer, an d’Rucksäck stoungen prett.
No engem kuerze Begréissungskrees si mir mam Bus op Steinfort gefuer. D’Fahrt war net laang, mee d’Stëmmung am Bus war riseg. Zu Steinfort ugekoum, hu mir eng Wanderung duerch de Bësch gestart. Cheffen haten verschidde Poste laanscht de Wee virbereet: klenge Scouts-Aufgaben, Rätselen a Spiller, déi eis Teamgefill gestäerkt hunn. Mir hunn zesumme gelacht, eis gehollef an ëmmer méi d’Gefill kritt, scho wéi eng eenzeg grouss Trupp ze sinn.
Wéi mir endlech bei der Feierplaz am Bësch ukoumen, hunn mir mussen als Team e Féier machen. 
Mir hun  Croque-Monsieur preparéiert – waarm, bessen verbrand mee perfekt nom Wanderen. Als Dessert gouf et déi legendär Schoko-Banana: eng Banann mat Schockola gefëllt, an d’Alufolie gewéckelt an an d’Glous geluecht. De Geroch vu geschmëlzter Schockola a Banann am Bësch war einfach fantastesch.
No der Stärkungsaus ass et méi roueg ginn. Bei engem Vertrauensspill hu mir gemierkt, wéi vill mir schonn openeen ziele kënnen. Duerno koum den grousse Moment: mir, déi d’Montée gemaach hunn, hunn eis nei Badge durch e Kooperatiounsspill kritt. Et war en Ament vu Stolz a Freed – wéi en neie Schrëtt an eisem Scoutliewen.
Als Krönung vum Owend hu mir eis beim Lagerfeier ënner de Stären versammelt an eist Verspriechen ofgeluecht. D’Feier huet geknëppt, d’Flammen hunn den HoGa Fendel beliicht, an all Mënsch konnt spieren, datt dëst e ganz besonnesche Moment war.
Ech ginn dës Montée ni vergiessen – net nëmme wéinst dem leckere Croque-Monsieur a Schoko-Banana, mee virun allem wéinst deem Gefill e neie Schrëtt zesumme mat Frënn gemaach ze hun.
