🎉 Hëlleft eis, datt d’Feier weider brennt

🎉 Hëlleft eis, datt d’Feier weider brennt

10. September 2026 Aus Von Gruppecheffen

Eis HoGa Scouten & Guiden liewe vun deene Leit, déi bereet sinn, e bëssen Zäit, Energie an Häerz

an eise Grupp ze investéieren.,

Hannert all flotter Versammlung, all Camp, all Sortie an all deene Momenter, déi eis Kanner a

Jugendlech nach laang a gudder Erënnerung behalen, stinn engagéiert Leit, déi plangen,

organiséieren, preparéieren an am Hannergrond dofir suergen, datt alles funktionéiert.

An de leschte Jore sinn eis Aufgaben ëmmer méi grouss ginn. Eis Cheffen, eise Grupprot an eise

Comité maachen dat mat vill Engagement – mee mir mierken och, datt mir ëmmer méi un eis

Grenze kommen. Ouni nei Leit, déi bereet sinn, mat unzepaken, riskéiere mir op Dauer

Aktivitéiten ze reduzéieren oder Projeten net méi kënnen ëmzesetzen.

Dofir brauche mir Iech !!!

Dobäi geet et net drëm, direkt all Woch eng Verantwortung ze iwwerhuelen. Mee vläicht hutt Dir

Loscht, bei enger Aktivitéit ze hëllefen, e Projet mat ze organiséieren, Är berufflech oder

handwierklech Erfarung anzebréngen oder eis einfach e puer Stonnen am Joer ze ënnerstëtzen.

All kleng Hëllef mécht en Ënnerscheed.

Dir braucht dofir keng speziell Ausbildung a keng laang Scoutserfarung – just Loscht, Iech

zesumme mat eis fir eis Kanner a Jugendlech ze engagéieren.

Am Flyer fannt Dir e puer Beispiller, wou a wéi Dir eis ënnerstëtze kënnt. A wann Dir Iech nach

net sécher sidd, wat bei Iech passt: mellt Iech einfach bei eis. Mir fannen zesummen eng

Méiglechkeet.

Hëlleft eis, datt d’Feier weider brennt.

Mir freeën eis iwwer all Persoun, déi en Deel vun dësem Wee mat eis goe wëll.

Mat beschte Scoutsgréiss,

HoGa Scouten & Guiden

Zesummen. Fir eis Jugend.