ING Night Maraton

Och dëst Joer waren d’HoGa Scouten & Guiden nees beim ING Night Marathon am Asaz. Mat iwwer 10 motivéierte Fräiwëllegen hu mir als Streckenposten am Garer Quartier fir d’Sécherheet vun de Leeferinnen a Leefer gesuergt.

Eis Equipe huet Kräizungen iwwerwaacht, Passanten informéiert an dozou bäigedroen, datt de Marathon ouni Problemer a sécher konnt oflafen. Mir si stolz, mat eisem Engagement en Deel vun dësem flotte Sportsevenement gewiescht ze sinn.

E grousse Merci un all eis Fräiwëlleger, déi hir Zäit an Energie investéiert hunn, fir dësen Owend zu engem Erfolleg ze maachen! 👏💚💛

Be Prepared – ëmmer prett fir ze hëllefen! ⚜️

ING Night Marathon vum 16.05.2026