Sortie an de PLOMM zu Wooltz – 13.12.2025

Den 13. Dezember 2025 hunn eis Kanner eng spannend Sortie an de PLOMM Kannermusée zu Wooltz gemaach. Als éischt a bis elo eenzegt Kannermusée zu Lëtzebuerg bitt de PLOMM vill Méiglechkeeten fir ze entdecken, ze spillen an aktiv matzemaachen. 

Besonnesch beandrockt waren d’Kanner vum „Bam vun de Geschichten“, engem risegen interaktive Bam, an deem si Geschichten net nëmme lauschtere konnten, mee selwer erliewen an entdecken durften. Vum Wuerzellabyrinth bis an d’Baamhaus gouf et iwwerall eppes Neies ze entdecken. 

Mat vill Neigier, Fantasie a Freed hunn eis Kanner déi verschidden Aktivitéiten ausprobéiert an zesummen e flotten an léierräichen Dag verbruecht. Dës Sortie wäert sécher nach laang a gudder Erënnerung bleiwen.

 Merci dem Team vum PLOMM fir den häerzlechen Empfang an déi flott Erfarung!

Sortie Plomm vum 13.12.2025