Den 31. Januar 2026 hunn d’Scouten a Guiden un enger spannender Survival-Sortie deelgeholl. De Fokus vun dësem Dag louch op prakteschen Outdoor-Fäegkeeten an dem Liewen an der Natur.
Um Programm stoungen ënner anerem Outdoor-Cooking an de Bau vun engem Biwak. D’Participanten hunn zesumme geléiert, wéi een mat einfache Mëttelen en Ënnerdaach an der Natur opriicht a wéi een ënner fräiem Himmel e Moolzecht preparéiert. Dobäi waren Teamwork, Kreativitéit an e gudden Ëmgang mat der Natur gefrot.
Duerch déi praktesch Aktivitéite konnten d’Scouten a Guiden hir Survival-Kenntnisser ausbauen an nei Erfarungen sammelen. Trotz de wanterlechen Temperaturen war et eng flott a léierräich Sortie, bei där de Spaass an den Abenteuergeescht net ze kuerz komm sinn.
