Scouts Explo vum 21.03.2026

Den 21. Mäerz 2026 hunn d’Scouten un engem flotte Rallye vun der FNEL duerch d’Stad deelgeholl. Op verschiddene Poste ware vill spannend a lëschteg Spiller virbereet, bei deenen Teamgeescht, Geschécklechkeet an eng gutt Zesummenaarbecht gefrot waren.

D’Participanten hunn zesummen d’Aufgabe gemeeschtert an dobäi eng flott Zäit matenee verbruecht. Nieft dem Spaass stoung och d’Patrulleaarbecht am Mëttelpunkt, wou jidderee seng Stäerkte konnt abréngen.

Als Ofschloss vun dësem gelongenen Dag gouf eng GB-Feier „10 Joer Scoutsdapp„. Natierlech duerft do e gudde Kuch net feelen, an zesumme gouf op dëst Jubiläum ugestouss.

Et war eng gelongen Sortie mat vill Beweegung, gudder Stëmmung a flotte gemeinsame Momenter.

SG_Scouts Explo vum 21.03.2026