Summercamp 2026

Summercamp 2026

Vum 31. August bis de 6. September 2026 huet et eis HoGa Scouten dëst Joer a Südfrankräich gezunn. Zu Goudargues am Gard hu mir eis Zelter opgeschloen an eng Woch voller Abenteuer, Gemeinschaft an onvergiessleche Momenter verbruecht.

Op eisem Programm stoung alles, wat zu enger richteger Summerrees gehéiert: zesumme kachen an iessen, d’Regioun entdecken, vill laachen an natierlech déi eng oder aner sportlech Erausfuerderung.

Eis E-Bike-Tour mat Buedeméiglechkeet huet eis duerch déi schéi Landschaft vum Gard gefouert, wärend beim Canyoning an der Haute Borne richtegen Abenteuergeescht gefrot war. Sprangen, schwammen, klammen an zesummen Hindernisser iwwerwannen – en Erliefnis, dat eis sécher nach laang an Erënnerung bleift.

Natierlech waren et awer net nëmmen déi grouss Aktivitéiten, déi dës Rees speziell gemaach hunn. Et waren och déi gemeinsam Owender um Camp, d’Iessen, déi spontan Momenter an déi vill kleng Geschichten, déi entstinn, wann een eng Woch zesummen ënnerwee ass.

No enger intensiver a flotter Woch si mir mat villen neien Erënnerungen, midd Been an deem engen oder anere Muskelkater nees zeréck op Lëtzebuerg gefuer.

Merci un all eis Scouten a Cheffen, déi dës Summerrees zu deem gemaach hunn, wat se war: eng onvergiesslech Scoutsaventure!

Mir freeën eis schonn op dat nächst Abenteuer!