Den 03. Mee 2025 hunn eis kleng Beaver e flotten Ausfluch op Spillplatz zu Steesel gemaach. Bei schéinem Wieder konnten d’Kanner no Häerzlaun klammen, rutschen, schaukelen an zesumme spillen.
Nieft vill Spaass a Bewegung stoung och de Teamgeescht am Mëttelpunkt. D’Beaver hunn nei Frëndschaften gestäerkt, zesumme gelacht an e flotte Nomëtteg an der Natur verbruecht.
Et war e gelongenen Ausfluch, un deen sech eis kleng Scouten nach laang gäre wäerten erënneren.
