Beaver Fun Day vum 09.05.2026

Beaver Fun Day 2026 vun der hunn eis Beaver e spannenden Dag am wilde Westen erlieft. Ënnert dem Motto „Cowboy & Cowgirl“ hu si sech op eng grouss Abenteuerrees gemaach, wou Geschécklechkeet, Teamgeescht an eng gutt Portioun Courage gefrot waren.

Eis kleng Scouten hunn mat vill Begeeschterung matgemaach an eng flott Zäit mat Beaver aus dem ganze Land verbruecht.

E grousse Merci un d’FNEL an all d’Animateuren, déi dësen onvergiesslechen Dag am Wilden Westen méiglech gemaach hunn.

Yeehaw! Mir freeën eis schonn op déi nächst Editioun vum Beaver Fun Day! 

34f222aa-cc39-4bf8-86c0-c09c4bcf4fa3