Bonne Aktion vum 1. Mee 2026

Um 1. Mee hunn d’Wëllefcher, Scouten, Explorer, Tembo an d’Cheffen zesummen eng flott Bonne Action organiséiert. Mat vill Engagement gouf e schéine Meekranz hiergestallt, deen als Zeeche vum Fréijoer, der Gemeinschaft an der Verbondenheet geduecht war.

An enger gemeinsamer Aktioun hu mir de Meekranz an d’Altersheem gedroen an en de Bewunner iwwerreecht. Dës kleng Opmierksamkeet huet fir vill Freed gesuergt an huet gewisen, wéi wichteg et ass, och un déi Mënschen ze denken, déi net ëmmer am Mëttelpunkt stinn.

Fir eis als Scouten ass et wichteg, sech aktiv fir d’Gemeinschaft anzesetzen. Mat dëser Aktioun hu mir de Scoutsgedanken vun Hëllefsbereetschaft, Respekt a Solidaritéit op eng flott Aart a Weis an d’Liewe geruff.

IMG_7125