Jota Joti 2026

Vum 17. bis den 19. Oktober 2025 hu mir um internationale JOTA-JOTI deelgeholl. Beim „Jamboree On The Air“ an „Jamboree On The Internet“ hu mir mat Scouten aus der ganzer Welt iwwer Funk an Internet Kontakt gehat.

Während dem Weekend hu mir vill spannend Aktivitéite gemaach. Mir hunn Funkstatiounen getest, mat anere Länner geschwat an nei Frënn kennegeléiert. Et war immens interessant ze gesinn, wéi Scouten an anere Länner liewen an hir Aktivitéiten organiséieren.

Besonnesch cool war et, selwer Funkkontakter opzebauen an ze entdecken, wéi vill Technik hannert dem Amateurfunk stécht. Mir hunn och vill zesumme gelacht, gespillt a flott Momenter als Grupp verbruecht.

De JOTA-JOTI 2025 war fir eis eng super Erfarung an mir freeën eis schonn elo op déi nächst Editioun.