CliC Weekend vum 25.-26.10.2025

Vum 25. bis de 26. Oktober 2025 hunn eis Scouten um CliC Weekend vum SNJ deelgeholl. De Weekend stoung ganz am Zeeche vum Klimawandel a senge Konsequenze fir Mënsch, Déier an Natur.

Duerch verschidden Atelieren, Spiller an interaktiv Aktivitéiten hunn d’Participanten sech mat den Ursaache vum Klimawandel beschäftegt an entdeckt, wéi sech dësen op eis Ëmwelt an eisen Alldag auswierkt. Dobäi gouf och gewisen, wéi jidderee mat klenge Gesten zu engem méi nohaltege Liewensstil bäidroe kann.

Nieft de ville léierräichen Aktivitéiten huet de Weekend och vill Geleeënheet gebueden, sech mat anere Scouten auszetauschen, Erfahrungen ze deelen an zesummen no Léisunge fir d’Erausfuerderunge vun der Zukunft ze sichen.

Et war e spannende Weekend, deen net nëmmen Wëssen vermëttelt huet, mee och motivéiert huet, sech aktiv fir den Ëmweltschutz an eng nohalteg Zukunft anzesetzen.

IMG_7612