Grillard & Fakelzuch fir Nationalfeierdag 2026

E flotte Nationalfeierdag bei den HoGa Scouten & Guiden 🇱🇺

Am Kader vun der Nationalfeier hu mir als Comité vun den HoGa Scouten & Guiden och dëst Joer erëm eise Grillstand virun eisem Home an der Preitruss opgemaach. Bei guddem Iessen, flotte Gespréicher an enger gemittlecher Atmosphär hu mir eis gefreet, vill Frënn, Noperen a Supporteren bei eis begréissen ze kënnen.

Fir eis Kanner war den Owend e besonneschen Highlight: Zesumme mat de villen anere Kanner hu si um traditionellen Fakelzuch deelgeholl an domat zu der flotter an feierlecher Ambiance vun der Nationalfeier bäigedroen.

E grousse Merci geet un all déi, déi laanscht komm sinn, eis ënnerstëtzt hunn oder mat ugepaakt hunn. Mir freeën eis schonn op déi nächst Editioun!

Nationalfeierdag 2026