De Weekend vum 6. bis de 7. Dezember 2025 stoung bei de Scouten ganz am Zeeche vum Teamwork an dem Patrullesystem. Ënnert dem Motto „Zesummen staark“ hunn d’Participanten geléiert, wéi wichteg Zesummenhalt, Verantwortung an d’Zesummeschaffen an enger Patrull sinn.
Am Laf vum Weekend gouf intensiv um Patrulleklasseursystem geschafft. D’Scouten hunn sech mat den Aufgaben an Ziler vun hirer Patrull beschäftegt an zesummen un verschiddenen Aktivitéite geschafft. Donieft gouf och den Opbau vun der FNEL virgestallt an erkläert, fir de Scouten e bessere Bléck op d’Organisatioun an d’Strukture vun der Federatioun ze ginn.
Nieft dem Léieren a Schaffen ass natierlech och de Spaass net ze kuerz komm. De Weekend huet de Gruppengeescht gestäerkt an gewisen, datt ee gemeinsam méi erreeche kann wéi eleng. Zesummen staark war net nëmmen d’Thema vum Weekend, mee och dat, wat all Participant mat heem geholl huet.
