Pow Wow 2026

Kleng a Grouss hunn dëst Joer mat vill Freed um Pow-Wow 2026 deelgeholl. Ënnert dem Motto „Lëtzebuerg“ hu mir e flotten Dag mat spannende Workshoppen, flotten Aktivitéiten a ville flotte Begéinungen mat anere Scouten a Guiden aus dem ganze Land verbruecht.

Besonnesch houfreg si mir, datt eist HoGa Home am Kader vum Pow-Wow mam Green Label vun der FNEL ausgezeechent gouf. Dës Auszeechnung ass eng schéin Unerkennung fir eisen Engagement am Beräich Nohaltegkeet an Ëmweltschutz an motivéiert eis, dëse Wee och an Zukunft weiderzegoen.

E grousse Merci un d’Organisateuren fir dee gelongenen Dag an un all eis Kanner a Cheffen, déi mat hirer gudder Laun zu dëser flotter Erfarung bäigedroen hunn.

Pow Wow 2026