De Weekend vum 7. bis den 8. Mäerz 2026 stoung bei de Scouten a Guiden ënnert dem Motto „Hüttengaudi“. D’Thema vum Weekend war Éisträich, passend als Erënnerung un de Wantercamp zu Galtür.
Um Programm stoungen eng Rei flott Spiller an Aktivitéiten, bei deenen Teamgeescht a Geschécklechkeet gefrot waren. Ausserdeem hu sech d’Participanten mat verschiddene Kniettechniken beschäftegt an hir Kenntnisser am Scoutshandwierk verdéift.
E besonneschen Héichpunkt war d’Presentatioun vun de Fotoe vum Wantercamp, wou nach eng Kéier vill flott Erënnerungen a Geschichten aus Galtür gedeelt goufen. Fir den Ofschloss vum Weekend hunn d’Scouten a Guiden fir hir Elteren e typesch éisträichescht Iessen preparéiert an zerwéiert. Dobäi konnten si weisen, wat si an der Kichen alles geléiert hunn.
De Weekend war eng flott Mëschung aus Spaass, Léieren a gemeinsame Momenter a bleift de Participanten sécher nach laang an Erënnerung.
