Vum 14. bis de 15. Mäerz 2026 hu mir e spannende Weekend zu Beggen ënnert dem Motto „Natur“ verbruecht.
Während dem Weekend hunn d’Kanner geléiert, wéi ee sech an der Natur orientéiert, e Feier sécher opbaut an sech mat einfachen Mëttelen an der fräier Natur hëllefe kann. Nieft de ville prakteschen Aktivitéiten a Spiller stoung och d’Zesummenaarbecht am Grupp am Mëttelpunkt.
Mat vill Begeeschterung goufen Erausfuerderunge gemeeschtert, nei Fäegkeete geléiert a flott Momenter an der Natur gedeelt. De Weekend huet gewisen, datt Abenteuer net wäit ewech sinn an datt een an der Natur vill Spannendes entdecke kann.
E grousse Merci un all d’Kanner an d’Cheffen, déi dëse Weekend zu engem onvergiesslechen Erliefnis gemaach hunn!
