Weekend zu Roeser vum 22-22-03-2026

Vum 22. bis den 23. Mäerz 2026 war eis Grupp op engem flotte Weekend zu Réiser ënnerwee. Dëse Weekend stoung ganz am Zeeche vun Ouschteren.

D’Kanner hunn zesumme gespillt, gebastelt an eng flott Zäit mateneen verbruecht. Natierlech däerft bei esou engem Thema och eng besonnesch Iwwerraschung net feelen: den Ouschterhues war op Besuch! 🐣

Mat vill Freed an Ouschterstëmmung gouf de Weekend zu engem schéinen Erliefnis fir all d’Kanner an d’Cheffen.

Weekend zu Roeser vum 22-22-03-2026