Mär dinn eist Bescht
Dat ass Devise vun eisen Wëllefcher.
Sie liewen an der Meute, déi a Sizainen agedeelt ass. Kleng Équipen vu maximal 8 Kanner.
D’Liewen an der Meute ass op d’Dschungel Geschicht vum Rudyard Kipling opgebaut a genee wéi an dësem Buch beschriwwen, versiche mär zesummen ze liewen. Dat wat de Wëllefchen bei eis léiert, probéieren mär him unhand vun dëser Fantasie Welt bäizebréngen. Et ass eng Virbereedung op säi spéidert Liewe bei de Scouten awer och an der Gesellschaft. D’Kanner léieren esou, op eng spilleresch Aart a Weis, d’Liewen an a mat der Natur. Virun allem awer gesi se Saachen, déi se doheem net onbedingt maachen. Mär ginn zesummen op flott Sortien, Weekender oder Campen, wou een da mat de Frënn iwwernuechten, an vill Neies entdecken kann. Well de Scoutismus op fir jiddereen ass léieren d’Kanner hei och sech mat aneren Natiounen ze verstoen, hir Liewensweis an hir Traditiounen ze kennen an ze respektéieren. Op Kleng op Grouss, bei eis huet jiddereen seng individuell awer och seng kollektiv Chargen. De Chef huet d’Roll vum Léiermeeschter, den Akela den alen Wollef, den der Meute de Wee duerch den Dschungel weist. Fir de Wëllefchen bedeit dat, datt hien bäibruecht kritt Verantwortung ze iwwerhuelen fir sech selwer, vis-à-vis vun deem dee méi kleng, méi schwaach ass, mä och Respekt ze hu viru jidderengem am Ruddel. All Kand léiert esou selbstänneg ze ginn, am Grupp mat aneren eens ze ginn an alles mateneen ze deelen, Guddes a manner Guddes. Ewéi am Dschungel hunn och eis Wëllefcher e Gesetz, dat mär befollegen an dat ass guer net schwéier.