Robert Baden Powell

Robert Baden Powell

De Robert Stephenson Smyth Baden-Powell, 1. Baron Baden-Powell vu Gilwell (gebuer den 22. Februar 1857 zu London, † 8. Januar 1941 zu Nyeri, Kenia), war de Grënner vun der Scoutsbewegung.

D’Scouts benotzen dacks den Numm BiPi, deen aus den Initiale vu sengem Familljennumm ofgeleet gëtt. Zu senger Éier feieren d’Welt Scout Associatiounen de 22. Februar dem Founder’s Day an Thinking Day.

D’Liewe vum Robert Baden Powell


Kandheet a Jugend

De Robert Stephenson Smyth Powell (Spëtznumm Stephenson, Stephe oder Ste) war den aachte vun zéng Kanner aus der Hochzäit vum Henrietta Grace Smyth mam Paschtouer a Mathematikprofesser Baden Powell. Dräi vun de Kanner ware allerdéngs schonn virum Stephenson senger Gebuert gestuerwen. De Papp hat och véier Kanner aus engem fréiere Bestietnes. Hie stierft wéi de Stephenson dräi Joer al war. Duerno sinn de Stephenson a seng Gesëschter bei hirer Mamm opgewuess, déi e Virbild fir hien gouf. Vun hier huet hien d’Wichtegkeet vun der Tugend vun der Ritterlechkeet an d’Wichtegkeet vu Verantwortung geléiert. Méi spéit gouf den Admirol W. Smyth, Kartograph an Astronom (Grousspapp vun der Säit vun der Mamm) en néit Virbild. Säin Grousspapp huet dem Stephenson säin Interessi un der Naturwëssenschaft erwächt.

Wéi de Stephenson zwielef Joer al war, huet seng Mamm de Familljennumm op Baden-Powell geännert.

Wärend senger Zäit am Internat an der berühmter „Charterhouse School“, huet de Stephenson vill Zäit an den noen Parken a Bëscher verbruecht fir d’Natur z’observéieren. Hien selwer huet et „d’Wëssenschaft vum Bësch“ genannt. Wärend den Schoulvakanzen ass hien dacks mat Frënn op Reese gaangen, orientéiert huet en sech un de Stären a mat der Hëllef vun engem Kompass , oft dobaussen campéiert, gefiddert gouf sech mat selwer gefaangene Fësch, déi iwwer dem Feier gekacht gouf.

Déngscht an Indien

Mat engem mëttelméissegen Diplom huet de Baden-Powell Charterhouse am Joer 1876 verlooss. Nodeem hien déi akademesch Ufuerderunge vum Balliol College zu Oxford, net konnt erfëllen, huet hien sech an der Arméi fir eng Offizéier Ausbildungspositioun ugemellt. Hien huet den Opnamexamen als zweetbeschte Kandidat gepackt a gouf dunn direkt zum Ënnerleutnant befërdert. Well hien e gudde Reider war, huet de Baden-Powell sech fir d’Kavallerie entscheet.

De Baden-Powell gouf an e Kavallerieregiment an Indien transferéiert. Do huet hien seng Fräizäit haaptsächlech am Dschungel verbruecht fir Déieren an der fräier Natur z’observéieren. De Baden-Powell huet och seng Kameraden als Entertainer begeeschtert. Hien huet Theatervirstellungen organiséiert a selwer komponéiert Lidder gesongen. Hei duerch krut hien och sain Spëtznumm Bi Pi, well vill Kameraden him mat den Initiale vu sengem Numm B. P. ugeschwat hunn.

No e puer Joer Déngscht gouf de Baden-Powell e Instruktor fir säi Regiment an huet sech dodurch ëmmer méi mat Trainingsfroen beschäftegt. Fréier huet hien e besonnesche Fokus op militäresch Opklärung gesat. Hien huet awer net déi traditionell Iddi gedeelt datt d’Kavallerie haaptsächlech do war fir Reitattacken duerch ze féieren. Hien huet net vill vum Drill gehallen. An platz vun enger Uerder huet en sengen Scouts Tipps ginn, déi et den Scouten erméiglecht hunn onofhängeg Léisunge fir déi gesaten Aufgaben z’entwéckelen an, am Géigesaz zu der militärescher Traditioun fir Uerder auszeféieren, an domat d’Verantwortung fir sech selwer ze iwwerhuelen. De Baden-Powell huet d’Scouten a kleng Patrulle vu ronn fënnef Männer während Operatioune gedeelt. All Patrull hat e besonnesch erfahrenen Scout fir d’Patrull ze leeden.

De Baden-Powell huet säi Regiment fir e puer Joer verlooss wéi hien den Posten als Adjudant vun sengem Monni, dem Generol Sir Henry Smyth, am Joer 1887 ugebuede krit huet. Ënner sengen Uerder war hien un der Ënnerdréckung vun engem Zulu-Opstand a Südafrika bedeelegt, wou eng hëlze Pärelkette vum Zulu-Kinnek Dinizulu a seng Hänn gefall ass.

D’Pärele goufe fir d’Woodbadge Pärelen am Joer 1919 an an de Joren duerno benotzt. Wéi de Generol Smyth 1890 op Malta transferéiert gouf, huet de Baden-Powell hien begleet. Hien gouf och Norichten Offizéier ernannt an ass an de nächste Joren an dëser Roll haaptsächlech a Südosteuropa gereest. Am Joer 1893 ass hien awer erem zréck bei säi Kavallerieregiment gewieselt.

De Baden-Powell gouf a Westafrika bestallt fir d’Ashanti Expeditioun z’ënnerstëtzen (1895-1896). Dat onofhängegt Ashanti Empire war eng Quell vu politescher Onrou tëscht den europäesche Kolonien. D’Zil vun der Expeditioun war den Ashanti Herrscher Prempeh a seng Famill fest ze setzen. Dem Baden-Powell seng Aufgab war et de Wee fir britesch Truppen vun der Küst bis zur Ashanti Haaptstad am Inland mat engem Corps vun Awunner ze maachen. Fir dëst ze maachen, misst déi existent Strooss ausgebaut ginn, eng Brécke gebaut ginn, Zeltplatzen, Forten a Versuergungsdepote obzebauen. D’Missioun war erfollegräich: Prempeh gouf vun de Briten ageholl. De Baden-Powell huet seng Erfahrungen an engem Buch opgeschriwwen (The Downfall of Prempeh, 1896).

Am Joer 1896 huet de Baden-Powell un enger militärescher Operatioun géint d’Matabele deelgeholl an de Kudu-Horn kenne geléiert wat als Signalinstrument vun den Naturvölker benotzt gouf. Als Souvenir vun dëser Missioun huet hien e Kudu-Horn gehalen. Dëst Instrument géif spéider eng Roll an der Scoutsbewegung spillen.

Impeesa gouf den Baden-Powell vun den Saldoten vun Matabele genannt. Säi lokalen Dénger huet dësen Ausdrock iwwersat als „d’Déier dat nie scheift awer an der Nuecht ronderëm schleicht“. De Baden-Powell interpretéiert dëst als Emschreiwung fir e Wollef.

Vum Abrëll 1897 war hie fir zwee Joer Kommandant vun engem Kavallerieregiment an Indien. Säi Buch Aids to Scouting gouf 1899 an England publizéiert.

D’Verteidegung vun Mafeking

Am selwechte Joer huet sech Situatioun a Südafrika erëm zougespëtzt. De Baden-Powell gouf direkt erem zréck geruff fir britesch Truppen op den erwaarten zweete Burenkrich virzebereeden (1899-1902).

Hien stationéiert sech mat senger Garnisoun am strategesch wichtege Mafeking. Den 11. Oktober 1899 beleeën d’Buren d’Stad mat 7.500 Mann. D’Iwwerleeënheet war iwwerwältegend. D’Buren hunn nëmme 700 Zaldoten an 300 Ziviliste konfrontéiert, déi nëmmen deelweis fit fir de Krich an der Stad waren. Wéi en Ofgesanten vun de Buren de Baden-Powell gefrot huet sech z’iwwerginn, huet hien ganz selbstsecher an ouni weider Kommentar refuséiert. An der Verteidegung vun der Stad huet de Baden-Powell ob Täuschung gesaat an huet sengen Ugreifer eng vill méi grouss Zuel vu Verdeedeger presenteiert, wéi eigentlech an der Stad waren. Hien huet Stréipoppen gebastelt, déi hien a Positioune gesat huet, déi dem Feind kloer ze gesinn waren. Hëlze Gewierer goufen och geschnëtzt a Attrappen vun Geschützer gebaut. Hien huet ëmmer sengen Zaldote d’Urder ginn ofwieselnd vun enerschiddlechen Positiounen ze schéissen, sou datt d’belagert Truppen gegleeft hunn datt an der Stad et just vun Zaldote wimelt.

Wärend der Belagerung zu Mafeking gouf et en Kadettekorps vu Jongen am Alter vun eelef Joer, déi als Sanitäter oder als Botschafter wärend der Belagerung benotzt goufen. De Baden-Powell huet fonnt datt d’Jongen definitiv fir esou Aufgabe kënne benotzt ginn.

Duerch säi Täuschungsmanöver an den Efforte vun de jonke Leit vu Mafeking, huet de Baden-Powell et fäerdeg bruecht d’Stad 217 Deeg ze halen ouni déi belagerte Buren sech getraut hunn ze attackéieren. Am Mee 1900 koum eng britesch Kommandounitéit endlech un an huet d’Stad befreit. Déi erfollegräich Verteidegung vu Mafeking huet de Baden-Powell zu engem Nationalheld gemaach. Kanner an Hausdéieren goufen no him benannt. Hie gouf zum Generolmajor vun der Queen of England befördert a war mat 43 Joer de jéngste Generol an England.

Awer de Krich a Südafrika war net eriwwer: d’Buren hunn d’Guerilla Taktik ugewannt. De Baden-Powell krut d’Aufgab eng kavaleier Policekraaft a Südafrika z’organiséieren. Dës Policekraaft war op e puer Weeër e „Prototyp“ fir dat wat spéider Scouting sollt ginn. De Baden-Powell huet seng eege pedagogesch Erzéiungsmethod fir d’Ausbildung vun dësen Truppen benotzt. Des Method gouf spéider an der Scoutsbewegung als Grondlag benotzt.

Am Joer 1901 gouf den Baden-Powell krank an koum fir e puer Méint zréck an England mat engem Krankeschäin. Wéi hien de Fouss op englesche Buedem gesat huet, gouf hie mat grousser Begeeschterung opgeholl. Besonnesch d’Jugend ware begeeschtert vun den Aktioune vum Baden-Powell an haten säi Buch Aids to Scouting kaaft. D’Buch huet et also vu enger militärescher Ausbildungslies zu Buch fir jonk Leit ëmgewandelt.

Am Joer 1903 gouf hien zum Generolinspekter vun der Britescher Kavallerie ernannt; an dëser Positioun huet hien wöhrend véier Joer dei verschidden Kavallerieschoulen ronderëm d’Welt besicht. Hien huet méi spéit de Kommando iwwer eng Reserve Eenheet an England iwwerholl ier hien endlech aus dem Militärdéngscht am 1910 zréckgetruede war.

Den éischte Scout

De Baden-Powell hat sech fréi wärend sengem Militärdéngscht als fäegen Trainer vu jonke Rekrute gewisen. Zréck an England, wou hien vun sou ville jonke Leit bewonnert gouf, koum hien ëmmer méi op d’Iddi vun der Jugendaarbecht an huet sain Fokus do drop geriicht. 1903 gouf hien Éierevizepräsident vun der Christian Jugendorganisatioun „Boys ‚Brigade“. Enges Dags huet hien dem Grënner vun dëser Organisatioun matgedeelt, dat seng Method vum Scouting de Programm nach méi attraktiv fir d’Jonge maache géif wéi déi üblech Drill-Übungen.

Iwwer déi nächst puer Joer huet de Baden-Powell no an no Iddië fir säin eegene Jugendprogramm gesammelt. Am Joer 1906 huet hien en éischte schrëftleche Projet fir e Boy Scout Programm u verschidden Organisatiounen geschéckt. D’nächst Joer huet hien e Prouflager op der Insel Brownsea gemaach.

1908 gouf dat fäerdeg Wierk endlech ënner dem Titel Scouting for Boys publizéiert. Den Erfolleg war net kléng, a Jongen hu séier onofhängeg Scouts-Clanen an Truppen uechter England gegrennt. Nieft senge professionelle Flichte krut de Baden-Powell d’Aufgab déi wuesse Scoutsbewegung ze koordinéieren.

1910 huet de B.P. seng Pension akzeptéiert an ass der Invitatiounen vu den Scouten aus der ganzer Welt nogangen bis hie säin Häerz un eng 32 Joer méi jonk Fra mam Numm Olave St. Claire Soames am Joer 1912 verluer huet. Sie goufen nach an dem selwecht Joer bestuet.

D’Koppel hat dräi Kanner: Jong Peter 1913, Duechtere Heather a Betty 1915 an 1917. D’Olave Baden-Powell huet d’Organisatioun vun de Meedche Guiden iwwerholl, déi sech „Girl Guides“ ëmbenannt hunn, wärend de B.P. sech weider ëm déi männlech Scouten gekëmmert huet.

Zënter 1910 gouf de Baden-Powell mat Éierendoktorater aus verschiddenen Universitéite geéiert, hie gouf mat héich Medaillen aus der ganzer Welt an och villen Scouts Auszeechnungen ausgezeechent.

E schottesche Geschäftsmann huet de Gilwell Park bei London un d’Boy Scouts 1919 gespent, wou de B.P. en Trainingszenter fir Scoutmaster installéiert huet. E Joer méi spéit gouf hien als „Chief Scout of the World“ am 1. World Jamboree ernannt.

Baden-Powell gouf am Joer 1921 Baronet an am Joer 1929 zum Baron Baden-Powell, vu Gilwell ernannt. De Präis vun dësem Titel gouf am 3. World Jamboree zu Birkenhead am Numm vum Kinnek George V. de Prënz vu Wales (Edward VIII) a voller Scoutsuniform ausgeruff. Och wärend den 3. World Jamborees kritt de Bipi e besonnesche Kaddo vun de Scouten. Et ass e Rolls-Royce an en Wunnmobil. De Bipi huet et Jam Roll gedeeft.

1937 huet de Baden-Powell seng Abschiedsried vun de Boy Scouts um 5. World Jamboree zu Vogelenzang (Holland) gehalen. D’Joer drop huet hien en Haus fir sech a seng Fra zu Nyeri (Kenia) baue gelooss, wat hien Paxtu genannt huet.

Am Oktober 1938 verléisst hien England fir ëmmer an huet de Rescht vu sengem Liewen zu Nyeri gelieft. De Baden-Powell ass den 8. Januar 1941 gestuerwen an huet all Scouten e Breif hanerloss.

Dem B.P säin leschte Bréif un all Scouten.