Scoutsverspriechen
D’Scoutsverspriechen an d’Scoutsgesetz bestëmmen déi edukativ Prinzipien a Methode vun der FNEL.
“Ech versprieche, mäi Bescht ze dinn,
fir meng Flichte géintiwwer der Gesellschaft a mir selwer z’erfëllen,
fir no onse Prinzipien vum Scoutissem ze liewen
a fir mech mat Iech zesummen anzesetzen fir eng besser Welt.”
Scoutsgesetz
1.- E Scout e Wuert
E Scout steet zu deem wat e seet an denkt. Hien hält sengVerspriechen vis-à-vis vu sech selwer a senge Matmënschen.E Scout ass loyal an zouverlässeg. Dës Eegeschaften hëllefeVertrauen ënnert de Scouten an tëscht Scout a Chef opzebauen.De Scout setzt sech fir seng Iwwerzeegungen an.
2.- E Scout ass éierlech a fair
E Scout seet d’Wouerecht an ass sech selwer trei. Fir zu engem positive Gruppenliewe bäizedroen, kuckt de Scout net nëmme no sech, mee hie respektéiert d’Regele vum Grupp an ass bereet Kompromësser anzegoen. Hien ass bereet ze deelen a gëtt seng Zäit.
3.- E Scout ass manéierlech
E Scout behëlt sech korrekt vis-à-vis vu senge Matmënschen. Manéierlechkeet bedeit awer och, eng gewëssen Disziplin ze hunn. Dat heescht z.B. dass mer Uerdnung hunn, aner Leit ausschwätze loossen a kee beleidegen.
4.- E Scout respektéiert jiddereen sou wéi en ass
De Scoutismus ass op fir jiddereen, onofhängeg vu sozialem Stand, spiritueller Iwwerzeegung, Hautfaarf, Kultur, Geschlecht, Alter a Sexualitéit. De Scout behandelt jiddereen mat Respekt an evitéiert sämtlech Form vun Diskriminéierung.
5.- E Scout léisst keen am Stach
E Scout hëlleft wou hie gebraucht gëtt. Doriwwer eraus engagéiert hie sech fir Mënschen déi Hëllef brauchen.
6.- E Scout setzt sech a fir Ëmwelt an Natur
E Scout schützt d’Natur a seng Bewunner. E Scout lieft nohalteg,d.h. hien engagéiert sech aktiv fir d’Ëmwelt vun haut a vu muer.
7.- E Scout méchtaus allem dat Bescht
E Scout probéiert, senge perséinleche Stäerkten an Schwächten no, all Situatioun ze meeschteren.
8.- E Scout mécht all Dag eng BA
E Scout ass opmierksam a mécht sou oft wéi méiglech e gutt Wierk.
9.- E Scout respektéiert wat him an aanere gehéiert
E Scout behandelt deenen aneren hir Saachen sou gutt wéi sengeegen. E Scout passt op seng Gesondheet op. E Scout respektéiert d’Privatsphär vun senge Matmënschen.
10.- Scouten halen zesummen
D‘Scoute gehéieren zu engem weltwäite Mouvement an deelen déi selwecht Identitéit trotz kulturellen a gesellschaftlechen Ënnerscheeder. Dës Gemeinschaft soll de Scoute bewosst sinn, an zesumme kënnen si eppes bewegen. D’Scouten halen zesummen an hirer Trupp, hirem Grupp souwéi um federalen an internationale Plang.
Ons Wäerter
SPIRITUALITÉIT
All Mënsch denkt, huet Gefiller a Wäerter, ass sech senger Individualitéit bewosst a stellt sech Froen iwwert sech a seng Welt. D’HoGa respektéiert déi Dimensioun vum Mënsch a nennt se seng Spiritualitéit. Mir wëllen déi Dimensioun an eis, esou wéi an deenen aneren, entdecken, respektéieren a weider entwéckelen.
SOLIDARITÉIT
Mir sinn ee fir deen aneren do, d’Hëllefen ënnerteneen gëtt gefuerdert, a mir engagéieren eis an nationalen ewéi an internationalen Hëllefsprojeten.
ONOFHÄNGEGKEET
D’FNEL an och HoGa steet zu den demokratesche Grondwäerter, ass politesch onofhängeg an encouragéiert jidder Eenzelen sech seng eege Meenung ze bilden an zu senger perséinlecher Iwwerzeegung ze stoen. De Scout soll kritesch si vis-à-vis vu gesellschaftspolitesche Froen, op si fir nei Iddien an sech géint mënscheveruechtend Tendenze wieren.
LAÏZITÉIT
D’FNEL an och HoGa ass e laïzistesche Mouvement. Mir léiere moralesch an ethesch Wäerter op der Basis vum fräien Denken a vu géigesäiteger Toleranz. Philosophesch a reliéis Iwwerzeegungen si jidder eenzelem perséinlech iwwerlooss.
TOLERANZ
Duerch d’Zesummeliewen am Grupp si mir tolerant ee vis-à- vis vun deem aneren. Duerch international Aktivitéiten entsti Frëndschaften an Oppenheet géintiwwer anere Kulturen.
DEMOKRATIE
Mir sinn demokratesch, jiddereen däerf a soll matschwätzen.
Iddie vum Lord Robert Baden-Powell of Gilwell.
D’Scoutsmethod baséiert op den Iddie vum Lord Robert Baden-Powell of Gilwell.
D’Scoutsmethod ass wéi d’Rezept no deem mir funktionéieren.
Spill a Spaass sinn de Peffer an d’Salz vum Scoutissem.
LEARNING BY DOING
Duerch Selwermaachen léieren e Scout seng Talenter a Fäegkeeten entwéckelen, an engem dem Alter ugepasste Programm. E léiert sech an all sengen Dimensiounen, Kierper, Geescht a Charakter kennen. Heibäi hëllefen him Virbiller an d’Léieren aus Feeler, perséinlech Fortschrëtt ze maachen. Een Deel vun der Method Learning by doing ass d’Spill.
NATUR
Duerch d’Spill an d’Liewen an a mat der Natur, léiere mir eis Roll am Eco-System verstoen. Mir gi vu Klengem u geléiert, d’Natur ze respektéieren an eis aktiv fir d’Ëmwelt z’engagéieren.
ZESUMMELIEWEN
D’sozial Dimensiounen erliewe mir am klenge Grupp. Jongen a Meedercher erliewe bei eis de Scoutissem an engem gemeinsame Programm. Jonk an Al schaffen am géigesäitege Respekt mateneen a profitéiere vun den ënnerschiddlechen Iddien, Erfarungen an Opfaassungen. Doduerch si mir e staarke Mouvement, deen ni stoe bleift.
SELBSTÄNNEGKEET
De Scoutissem bitt d’Méiglechkeet, Selbststännegkeet z’entwéckelen an Entscheedungen mat ze treffen.
RESPONSABILITÉIT
Am Laf vun senger Entwécklung kritt de Scout ëmmer méi Sënn fir Responsabilitéit. Duerch säin Engagement bei de Scouten iwwerhëlt hien Verantwortung fir seng Ëmwelt, seng Matmënschen an sech selwer. Hie gëtt sech bewosst, datt hien, wéi all aneren, Rechter a Flichten huet, déi en am Scoutsgeescht ausübe kann a soll.
BENEVOLAT
De Scoutsgeescht verlaangt vun all eenzelem eng fräiwëlleg Aarbecht; eisen Engagement kënnt aus eegene Stécker, aus Iwwerzeegung eraus an ass net bezuelt. De Benevolat ass eng Stäerkt vum Scoutissem, well en eis erlaabt, onofhängeg ze sinn.
TRADITIOUNEN
D’Traditioune gi vun Al op Jonk iwwerdroen, a sinn d’Verbindung tëschent de Generatiounen. Mir droen eng Uniform, déi eis Zesummegehéieregkeet ausdréckt. Mir benotze Symboler an Zeremonien, déi eisen Aktivitéiten e roude Fuedem ginn. Traditiounen däerfe keng Barrière sinn, mee si solle Brécke bauen op eisem Scoutswee; duerfir musse si dem Zäitgeescht ugepasst ginn.