Den Samschdeg, den 20. September 2025, hu mir bei eisem Home eis traditionell Pfadfinderkirmes gefeiert. Tëscht 14 an 18 Auer hu kleng a grouss Gäscht de Wee bei eis fonnt – dorënner eis eege Scouten a Guiden, nei Memberen, Elteren a Frënn.
D’Programm war sou divers wéi d’Gäscht selwer: Grill a Stockbrout um Lagerfeier, Entefëschen, e lëschtegt Scoutskarussell, Kubb, Waasserspiller an Fallschiermspiller hunn fir vill Begeeschterung gesuergt. Vill kleng Momenter hu fir e Laachen gesuergt – ob beim Zesummesëtzen um Feier oder beim energesche Kubb-Match.
D’Stëmmung war familiär, frëndlech a lieweg – genee esou, wéi eng Scoutskiermes soll sinn: eng Plaz, wou jiddereen sech direkt doheem fillt.
Mir soen e grousse Merci un all eis Helfer, Elteren a Frënn, déi dës Kirmes mat esou vill Engagement a Freed méiglech gemaach hunn.
📸 Hei fannt dir d’Foto-Galerie vun eiser Kirmes:
