🕊️ International Day of Peace – 21. September ⚜️
Fridden ass fir eis Scouten net nëmmen e schéint Wuert. Fridden fänkt am Klengen un – bei eis selwer, an eiser Ekipp an an eisem Alldag.
Als Scouten a Guiden sti mir fir Wäerter, déi eis hëllefen, zesummen eng méi friddlech Welt ze gestalten: Respekt, Toleranz, Frëndschaft, Solidaritéit an Zesummenhalt. Mir léieren, deem aneren nozelauschteren, Ënnerscheeder ze akzeptéieren, Konflikter zesummen ze léisen an eis fir anerer anzesetzen.
Bei de Scouten ass et egal, wou een hierkĂ«nnt, wĂ©i eng Sprooch ee schwätzt oder wĂ©i een ausgesäit. Jidderee soll seng Plaz an der Gemeinschaft fannen.Â
Fridden entsteet net nĂ«mmen duerch grouss Entscheedungen. E wiisst duerch kleng Gesten: een hĂ«llefen, een net ausschlĂ©issen, matenee schwätzen amplaz gĂ©inteneen, Verantwortung iwwerhuelen an d’Natur an eis MatmĂ«nsche respektĂ©ieren.
Dofir wëlle mir bei der HoGa eise Kanner a Jonke genee dës Wäerter mat op de Wee ginn – net nëmmen haut, mee bei all Versammlung, all Camp an all gemeinsamer Aventure.
⚜️ Fir eng Welt mat méi Respekt, méi Zesummenhalt a méi Fridden.
Be prepared – fir haut, fir muer a fir eng besser Welt. 🕊️
