Scoutsgesetz


E Scout steet zu deem wat e seet an denkt. Hien hält seng
Verspriechen vis-à-vis vu sech selwer a senge Matmënschen.
E Scout ass loyal an zouverlässeg. Dës Eegeschaften hëllefe
Vertrauen ënnert de Scouten an tëscht Scout a Chef opzebauen.
De Scout setzt sech fir seng Iwwerzeegungen an.


E Scout seet d’Wouerecht an ass sech selwer trei. Fir zu engem positive Gruppenliewe bäizedroen, kuckt de Scout net nëmme no sech, mee hie respektéiert d’Regele vum Grupp an ass bereet Kompromësser anzegoen. Hien ass bereet ze deelen a gëtt seng Zäit.



E Scout behëlt sech korrekt vis-à-vis vu senge Matmënschen. Manéierlechkeet bedeit awer och, eng gewëssen Disziplin ze hunn. Dat heescht z.B. dass mer Uerdnung hunn, aner Leit ausschwätze loossen a kee beleidegen.


De Scoutismus ass op fir jiddereen, onofhängeg vu sozialem Stand, spiritueller Iwwerzeegung, Hautfaarf, Kultur, Geschlecht, Alter a Sexualitéit. De Scout behandelt jiddereen mat Respekt an evitéiert sämtlech Form vun Diskriminéierung.


 E Scout hëlleft wou hie gebraucht gëtt. Doriwwer eraus engagéiert hie sech fir Mënschen déi Hëllef brauchen.


E Scout schützt d’Natur a seng Bewunner. E Scout lieft nohalteg,
d.h. hien engagéiert sech aktiv fir d’Ëmwelt vun haut a vu muer.


E Scout probéiert, senge perséinleche Stäerkten an Schwächten no, all Situatioun ze meeschteren.